20 jonk Idealisten

Et wor am Fréijoër 1905 wou 20 jonk Idealisten sech zesummen fonnt hun fir eng Museksgesellschaft ze grënnen, déi dann "Harmonie Boevange/Attert" geheescht huet. Vill Schwieregkeeten hu missen iwerwonne gin, mee d'Vertrauen an d'Energie waren do. Den éischten Dirigent war den pensionierten Schoulmeeschter, den Här " MANTERNACH ". Et huet alles esou gut geklappt, dat 1906 d'Fuendelweih scho war. Nom Doud vum Dirigent komm den Här " Jean KOEDINGER ". Concerten an d'Matwierken vun kierchlechen an weltlichen Feiern waren den Héichpunkt.

Mee et koum du den éischte Weltkrich, wou d'Tätegkeet vum Veräin lues a lues zrëckgangen ass. No 13jähregem Bestoën goufen" Klöppelen " bäi Tromm geluegt.

Neigrënnung 1932

Awer, "le bon grain à été semé; patience il lèvera". D'Neigrënnung war schliesslech 1932 op Initiativ vum fréieren President Michel PIERRET an Dirigent SCHWIND.

Déi Aal koumen erëm an Neier derbäi. Leider war et nit vun laanger Dauer. Den 2ten Weltkrich huet alles op d'Kopp geheit. Glécklecherweis konnt awer nach d'Onofhängegkeetsfeier vun 1939 nach mat gefeiert ginn.

Harmonie - Fanfare

Et huet gedauert bis 1946 wou et erëm konnt weider gouën. Aus technëschen Grënn gouf aus der " Harmonie " eng " Fanfare Boevange/Attert ". Onermiddlech goung et bierop. Kierchlech an weltlech Feieren, Concerten goufen gespillt, Theater op Chrëschtdag an op Stiewesdag, Waldfester am Summer a.s.w.

Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)

Den 1. Juni 1955 ass d'Musek der Union Grand - Duc Adolphe (UGDA) bäi getrueden. Zu Dikerech um Concours gouf et bei 27 Musikanten een "éischte Präis mat Auszeichnung" 1959 gouf den 25ten Anniversaire mat engem neie Fändel gefeiert.

1960 un bis zum 50ten Anniversaire 1984

Vun 1960 un bis zum 50ten Anniversaire 1984 gouf et Héichten an Déiften ewéi an all Veräin.

20 Joër huet et gedauert bis d'Musek een eegenen Prouwesall hat, an dat am "Centre Culturel et Sportif" Lëtschert, dee spéider als Klassesall fir d'Primärschoul gebraucht ass gin.

Fir d'Kees ze sanéieren goufe Balen mat Ochesteren ewéi Baby Cham's an Challengers organiséiert, esou och jorelaang eis bekannten "Poney Ranch" a spéider eist traditionelt "Hierschtfest" dat haut ënnert dem Numm "Hierschtfestival" fonktionnéiert. Nei Uniformen sin ugeschaaft gin.

Vun 1971 un ass d'Gesellschaft an der "Mutuelle vun der Ugda" agedroen.

Fir d'Freed un der Musik an d'Enegkeet am Verein kënnen ze garantieren sin Auslandstir organiséiert gin, esou z.b.an den " Ahrdall", an Däitschland op Rüdesheim op" Mayrhofen am Zillerthal" a Frankräich op Paräis, an England op London, a Spuenien op Rozes, an Êisträich op Lermoos, an Holland, op d'Belsch Küst an den Europa - Park, an den Walibi- Park an 2x an Däitschland op Berlin an op Buschdorf / Zechin an der Oder, op Düsseldorf an die längste Theke an nach méi.

Concours de Classement

Ze ernimme bleiwt awer: Concours de Classement zu Bonneweg Sonndes, den 21. Mee 1998 mat engem Resultat:

Morceau imposé: 55 de 60 points, un grand premier prix
Morceau au choix: 53 de 60 points un premier prix avec grande distinction
Classement obtenu: Deuxième Division / Coupe " Voyage Sales Lentz Bascharage "

Neifassung vun de Statuten

Durch eng Neifassung vun de Statuten gouf et "Fanfare de la Commune de Boevange/Attert", wëll aus denen 3 Sektionen vun eiser Gemeng; Béiwen, Bëschdref a Bruch Musikanten aktiv sin.

Neien Musekssall

Am "Centre Atert" krut d'Musek am Joër 2001 nun hiren definitifen neien Musekssall um 1ten Stack rue de Helpert N° 77 L-8710 Béiwen/Atert.

Neien Numm, neit Logo an nei Uniformen

Nom Referendum de 25. Mäi 2014 iwwert d'Gemengefusioun tëschent der Gemeng Béiwen Atert an der Gemeng Tënten zur Gemeng Helperknapp hunn d'Memberen an der Generalversammlung 2017 decidéiert hiren Numm ze änner an Musek Gemeng Helperknapp.

D'Musek huet sech och eng nei Visuell Identitéit gi mat engem neie Logo an de Faarwe vun der Gemeng, wei och nei, flott an modern Uniformen.