3. D'Hechtercher aus der Stad
huet d' Auer owes sechs geschlon, da gett am Buttek Freed.
Gläich gett den Hittchen opgedon a fort op heem et geet.
Nach eemol d'Groussgaass op an of, dat ka kee Mënsch hinnen verwieren,
well do ginn all dei op an of déi d'Meedecher hunn esou gieren.
REFRAIN:
D 'Hechtercher aus der Stad, tiptop eraus gemat, hunn si d 'Schoulbicher
nach ennerem Arem, da ginn si ronderem d 'Hierz och scho waarm.
Vill schéi Verspriechen man, a blënzle mat den An,
sou huet dei Zort et nach emmer gemat, d 'Hechtercher aus der Stad.
So Marie kuck emol de Pier, wat ass hie flott gekleet.
Et soil een net son datt hien et wier wann hien esou do geet.
En Houfert huet e wéi e Fräsch e Marsch wéi e preisesche Prënz.
Ma secher huet hien an der Täsch mol net fir e Stéckelche Mënz.
REFRAIN:
D 'Hechtercher aus der Stad, tiptop eraus gemat, hunn si d 'Schoulbicher
nach ennerem Arem, da ginn si ronderem d 'Hierz och scho waarm.
Vill schéi Verspriechen man, a blënzle mat den An,
sou huet dei Zort et nach emmer gemat, d 'Hechtercher aus der Stad.
An do de Jang deen huet et gudd op senger neier Platz,
e kritt bei engem Affekot en halwe Su vum Satz.
D'Lescht wollt hie jo, denk dir mol un sech mat menger Schwester bestueden
mäi Papp dee sot, du Bouf gees d'un, soss kriss du de Pupes gefrueden
REFRAIN:
D 'Hechtercher aus der Stad, tiptop eraus gemat, hunn si d 'Schoulbicher
nach ennerem Arem, da ginn si ronderem d 'Hierz och scho waarm.
Vill schéi Verspriechen man, a blënzle mat den An,
sou huet dei Zort et nach emmer gemat, d 'Hechtercher aus der Stad.
Duerfir dir Fraleit loosst iech son, winnt iech et léiwer oof
An d'Groussgaass owes nach ze gon eng Kéier op an oof
Well wat dir do nach kennt gesin, Studenten an Schreiwer als Lompen
Dei an der Tasch kee Su mei hunn, soss séizen se secher beim Humpen.