Et stong mol en Beemchen ze wäit an der Strooss,
deen huet mech mam Weenchen net laancht sech gelooss.
Si koumen och richen op d'Mooss ech och hat,
ech hat net ze wéinech a gouf agesat.
Nu setzen ech Méint schon a batterer Nout,
ech kräischen a jéimren bei Waasser a Brout.
REFRAIN:
Hei kann ech net bleiwen, hei ass et net schein,
kee Wäin an keen Béier, keng Drëppche keen Lein.
Hei kann ech net bleiwen, keen Telé keen Sport.
Oh loosst mech dach heem gon, soss laafen ech fort
Oh loosst mech dach heem gon, soss laafen ech fort.
Ech wollt mech drop bessren, soot äddi der Welt,
ech hu mech am Klouschter als Brudder gemellt.
Ech souz op de Knéien an hunnnogeduecht,
hu Waasser an Äschen op d'Kopp mir geluecht.
Vum ville Breveiren elleng an der Zell,
gouf ech esou dréchen ech spuert an mir d'Hell.
REFRAIN:
Hei kann ech net bleiwen, hei ass et net schein,
kee Wäin an keen Béier, keng Drëppche keen Lein.
Hei kann ech net bleiwen, keen Telé keen Sport.
Oh loosst mech dach heem gon, soss laafen ech fort
Oh loosst mech dach heem gon, soss laafen ech fort.
A wéi et nees bums gong, do war et geschitt,
dunn huet meng aarm Séilche glaich Flilleke kritt.
Ech sichen am Himmel wéi benzeg nom Bar,
et war keen ze fannen, t'war alles sou rar.
Ech krut naicht ze drenken mat all mengem Goss,
o bréngt mer en Pättche soss gëtt et Verdross.