Ech koum op d'Welt zu véier Méint, meng Mamm wor net doheem.
Mäi Papp wor voll an huet getéint, at maache mir mat deem.
Mee ech sot gläich sierf net besuergt, fir mech gëtt scho gesuergt,
deen hei deen kennt op d'Eisebunn. Charel, Charel jäizt do mai Papp
wat geet dech un, Charel do bleiw dervun.
Charel, Charel, donk uecht wats de méchs well du schaffs jo net gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du och nach keen Här
Mäi Papp hat Recht well spéiderhinn du wor mer d'Saach scho Leed,
well op der Bunn konnt ech gesin datt do kee méissech geet.
Do heescht et emmer hopp hopp hopp mam Teimer an der Schëpp.
An hunn ech eppes an der Rei, Charel, Charel, jäizt dann de Meeschter
heielei, Charel maach mir elo nach dat hei.
Charel, Charel, donk uecht watsde mess well du schaffs jo net gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du sécher keen Här.
Ech wollt scho menger Wee nees goen, mä d'Fra wollt dat net hunn.
Hier wor et an de Kapp geschlon, si hällt op d'Eisebunn.
Déi sécher Plaz, dee schéine Loun herno déi flott Pensioun.
Eng Uniform nach uewendrop, Charel, Charel, jäizt si, schlo dir dat aus
dem Kapp, Charel, du bleiws mer drop.
Charel, Charel donk uecht watsde méchs well du schaffs jo sou gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du viläicht nach een Här.