Un der Atert, no beim Waasser, wou déi grousseg Pepple stinn,
wunnt de Bauer Péitche Lauer a säi Meedchen d'Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Hie war empeg, hat war dempeg, sou eng Nuddelsdampmaschinn.
Hien hat nßeng an sengen Händschen, duerfir zéng hat d' Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Eemol goung et, eemol stoung et, bei der Baach eist Josefin.
An du rëtscht et an du gletscht et, flups an d'Baach, eist Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Et huet getuddelt, et huet gespruddelt, an der Baach eist Josefin.
Well ech awer d'Waasser scheien, loossen ech leien, d'Josefin. 