D'Madammen aus der Sichegaass, déi stonge vrun der Dier.
Haut gouf et lescht, verbäi de Spaass, si rieden hin an hier.
D'Regierung hat en Här geschéckt ze kafen Haus fir Haus,
ma dat war deem wei et schéngt gegléckt, si mussen al I eraus
REFRAIN:
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.

D'Gréit jäizt: Mir haalen net méi stall, mat dréeën geet et duer.
Weist deen sech nach am Pafendall, da flitt en an de Bur.
Ah non, seet d'Siss mir plenneren, an d'Lougaass trotz dem Knascht,
sollt do en Hond ons hënneren, hu mir och gudde Kascht.
REFRAIN:
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.
Mä d'Stole Broscht seet: Hierft Verstand, mir street kee Sand an d' An
Och d'Lougaass hält net laang mei stand, wësst dir da wat mir man,
op Kärche baue mir en Dag, eng Roulette huet sai Charme,
déi sëtze mire schéinen Dag, flang metten op d'Place d' Armes.