09. Kättche, Kättche
Et wuessen an de frieme Uinner, vill schwéier Wäiner, rout a wäiss,
si si gesicht vu ville Kenner, vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis.
Ech hale mech un d'Muselb]immchen, dat ass de Wéngche fir eist Land,
et geet deem Jonktem wei dem Eimchen, wann si en drénke mat Verstand.
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.
Wou kennt dir nach e Wéngche fannen, esou gemittlech a sou frësch,
t'gett een sou liicht dervun heibannen, dir gitt gesond ewéi e Fësch.
Viii Wäiner maache d'Leit wei rosen, d'Gesichter glouse wéi eng Schmelz.
Mee dat muss een dem Misler loossen, hie suergt datt's du de Kapp behälls
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.
Ob dir bedréift sitt oder Iëschteg, en deet seng Flicht zu jidder Stonn.
En ass vun heem aus fromm a chrëschtlech, e krut de Seege vun der Sonn.
Bleiwt him ewech mam Zockerwaasser, e brauch net mei gedeeft ze ginn.
E séngt mam Lentz net fir ze spaassen: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!
REFRAIN:
Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.
- Hauptkategorie: Hierschtfest 2018
- Lëtzeburger Lidder