Donnerknippchen, ech komme lo grad vun enger prachtvoller Friess.
Eng ganzeg Rëtsch vu Saachen sou an engem Siess.
Ech hu gejickt, ech hu gebafft, ech hu gefrupst mat Genoss,
ech hu keen eenzege vun de Plaen, erlaanscht gelooss.
Wourem et sech gedréint, d'Lëtzebuerger Spezialitéit.
REFRAIN:
Maja, t 'gouf Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen, en Huesenziwi, Fierkelsjelli gouf et zefräcks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp. Souguer, goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an en Zoossisswupp.
Fréier bei de Ritter op all Buerg an op jidder Schlass,
do goufen et schéi Fester, t'war nach eppes lass.
Siwenanzwanzeg Plae vun dem beschte Fleesch, Poulet, Fësch.
Fir d'Ritter an hier Fraen, stoungen do um Dësch.
An haten se d 'Bäich puppsat, da gouf och nees e Wupp derbäi gemat.
REFRAIN:
Maja, t 'gouf Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen, en Huesenziwi, Fierkelsjelli gouf et zefräcks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp. Souguer, goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an en Zoossisswupp.
Hautdesdaags sinn d'Leit erem vun all deem ville Gefréiss.
Keng Grompren an keng Zoosen, nuren Uebst, Geméis.
De Blinddaarm an de Bluttdrock hautdesdaags si blous méi am Moud,
den Dokter seet iech dann eenzock: du bass ze so'bal dout.
Do gett et blous ee Reméid: Lëtzebuerger Spezialitéit.
REFRAIN:
Duerfir, friesst Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.