12. t'ass Kiermes am Duerf
REFRAIN:
T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no.
De Bert danzt mam Bärbel an d'Frasel mam Franz,
Mazurka a Polka a Konterdanz
REFRAIN:
T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no.
Knapps datt se eng Walz hannerun sec hunn,
da fänken se schon s mat dem Minnewee un.
REFRAIN:
T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no.
D'Mareikätt dat gloust a pespert mam Klees,
de Jenni gett heemlech dem Janni eng Beess
REFRAIN:
T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no.
Den Tun seet zum Tréischen ech hunn dech gär,
an d 'Tréischen zum Tun : mir gi muer bei den Här.
REFRAIN:
T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no.
- Hauptkategorie: Hierschtfest 2018
- Lëtzeburger Lidder