De Feierwon, deen ass bereet. Hie päift duecl1 d'Lofta fort et geet.
Am Däuschen iwert d'Strooss vun Eisen an hie geet stolz dem Noper weisen,

REFRAIN:

Kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen,
mir wellen iech eis Heemescht weisen,
frot dir no alle Säiten hin, wéi mir esou zefridde sinn.
Frot dir no alle Säiten hinn, wéi mir esou zefridde sinn.

Mir haale fest un onser Schoul, vu Léift fir d'Land sinn d'Hierzer voll.
Wa mir och keng Milliounen zielen, dir gett ons uechter d'Welt ze wielen,
mir ruffen all aus engem Mond: Kee bessert Land beschéngt jo d'Sonn.

REFRAIN:

Kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen,
mir wellen iech eis Heemescht weisen,
frot dir no alle Säiten hin, mir welle bleiwen wat mir sinn.
Frot dir no alle Säiten hin, mir welle bleiwen wat mir sinn.