Archived Articles

Donnerknippchen, ech komme lo grad vun enger prachtvoller Friess.
Eng ganzeg Rëtsch vu Saachen sou an engem Siess.
Ech hu gejickt, ech hu gebafft, ech hu gefrupst mat Genoss,
ech hu keen eenzege vun de Plaen, erlaanscht gelooss.
Wourem et sech gedréint, d'Lëtzebuerger Spezialitéit.

REFRAIN:

Maja, t 'gouf Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen, en Huesenziwi, Fierkelsjelli gouf et zefräcks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp. Souguer, goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an en Zoossisswupp.

Fréier bei de Ritter op all Buerg an op jidder Schlass,
do goufen et schéi Fester, t'war nach eppes lass.
Siwenanzwanzeg Plae vun dem beschte Fleesch, Poulet, Fësch.
Fir d'Ritter an hier Fraen, stoungen do um Dësch.
An haten se d 'Bäich puppsat, da gouf och nees e Wupp derbäi gemat.

REFRAIN:

Maja, t 'gouf Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen, en Huesenziwi, Fierkelsjelli gouf et zefräcks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp. Souguer, goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an en Zoossisswupp.

Hautdesdaags sinn d'Leit erem vun all deem ville Gefréiss.
Keng Grompren an keng Zoosen, nuren Uebst, Geméis.
De Blinddaarm an de Bluttdrock hautdesdaags si blous méi am Moud,
den Dokter seet iech dann eenzock: du bass ze so'bal dout.
Do gett et blous ee Reméid: Lëtzebuerger Spezialitéit.

REFRAIN:

Duerfir, friesst Baurentriäpen, t 'gouf Liewerkniddlen,Kuddeljleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen, en Huesenziwi, Fierkelsjelli gouf et zefräcks.
Duerno gouf et Gaardebounen, Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a
Bouneschlupp. Souguer, goufen et Melounen, echt Kaffisbounen an en Zoossisswupp.

REFRAIN:

T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no. 

De Bert danzt mam Bärbel an d'Frasel mam Franz,
Mazurka a Polka a Konterdanz

REFRAIN:

T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no. 

Knapps datt se eng Walz hannerun sec hunn,
da fänken se schon s mat dem Minnewee un.

REFRAIN:

T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no. 

D'Mareikätt dat gloust a pespert mam Klees,
de Jenni gett heemlech dem Janni eng Beess

REFRAIN:

T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no. 

 

Den Tun seet zum Tréischen ech hunn dech gär,
an d 'Tréischen zum Tun : mir gi muer bei den Här.

REFRAIN:

T'ass Kiermes am Duerf. an de Spillmann ass do,
déi Jonk déi danzen, déi Al kucken no. 

Fei Leit ginn zu Fouss, de Pak dee fiert mam Aut'mobil,
wien keng Fotell huet, dee setzt sech grad sou gär op d'Still.
Wien keen Piano huet dee päift en Mondstéck mat Gefill,
jo dat kascht och net souvill.

REFRAIN:

Glori, glori, alleluja, glori, glori, alleluja,
Glori, glori, alleluja, jo dat kascht och net sou vill.

Schett de Kaffi duerch eng Strempg, ma huel dach ni eng fresch,
lee deng Schmier op d'Bänk a stell deng Schong schéin op den Desch.
Hues de mol keen Esseg, da schett Framboise op d'Zalot,
jo sou Imet de Chef gesot.

REFRAIN:

Glori, glori, alleluja, glori, glori, alleluja,
Glori, glori, alleluja, jo dat kascht och net sou vill.

D'Lëtzebuerger Jongen hunn bier Schong gutt ageschmiert,
an all Platz vum Zelt gett mat der Zannbiischt ausgekiert.
An dat bescht Geméis dat ass e Biffdeck vun zwee Pond,
jo dat hällt de Kapp gesond.

REFRAIN:

Glori, glori, alleluja, glori, glori, alleluja,
Glori, glori, alleluja, jo dat kascht och net sou vill.

De Feierwon, deen ass bereet. Hie päift duecl1 d'Lofta fort et geet.
Am Däuschen iwert d'Strooss vun Eisen an hie geet stolz dem Noper weisen,

REFRAIN:

Kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen,
mir wellen iech eis Heemescht weisen,
frot dir no alle Säiten hin, wéi mir esou zefridde sinn.
Frot dir no alle Säiten hinn, wéi mir esou zefridde sinn.

Mir haale fest un onser Schoul, vu Léift fir d'Land sinn d'Hierzer voll.
Wa mir och keng Milliounen zielen, dir gett ons uechter d'Welt ze wielen,
mir ruffen all aus engem Mond: Kee bessert Land beschéngt jo d'Sonn.

REFRAIN:

Kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen,
mir wellen iech eis Heemescht weisen,
frot dir no alle Säiten hin, mir welle bleiwen wat mir sinn.
Frot dir no alle Säiten hin, mir welle bleiwen wat mir sinn.

 

Hutt dir mot Duuscht an dir iesst gäre gudd, dann fue11 mat eis bis op Conter.
En Gelli, en Hierk oder eng Bouneschlupp, dat mecht deen Granzechste monter.
Da gëtt gedronk bis keng Drëps méi am Faass, an och de Schampes de schmacht
D'Stëmmung ass gudd an mir hu ganz vill Spaas, wann alles sengt an hart laacht

REFRAIN:

Kommt all mat an d 'Conterstuff. do ass et am beschten
Kommt all mat an d 'Conterstuff. dann drénke mir dee leschten.
Et wärt wei emmer lëschteg ginn a mir bleiwen pechen.
Wann et dann moies laut kënnt dir gesin, wéi se zu Confer erwächen,
Wann et da moies taut kënnt dir gesin, wéi se zu Contern erwächen.

Setzt dir mot um Comptoir an et gëtt richteg spéit, alles fänkt hart un ze rieden
Dir hutt d'Gefill wei wann alles sech dréit, mee d'schéngt kee Mensch dat ze
mierken. Niewt iech setzt bémol eng lackeleg Maus, dir kommt dann liicht an de
Schwéess. Huelt nach eng Kippchen mat iech guer näicht draus a sangt eist
Liddchen alt nees.

REFRAIN:

Kommt all mat an d 'Conterstuff. do ass et am beschten
Kommt all mat an d 'Conterstuff. dann drénke mir dee leschten.
Et wärt wei emmer lëschteg ginn a mir bleiwen pechen.
Wann et dann moies laut kënnt dir gesin, wéi se zu Confer erwächen,
Wann et da moies taut kënnt dir gesin, wéi se zu Contern erwächen.

Next Concerten

29 Mär
18 Apr
GALA - CONCERT 2020 CCS am Lëtschert
Date 18.04.2020 20:00 - 19.04.2020 03:00
17 Mai
Concert - Apéro
Date 17.05.2020 11:15 - 12:15

 R. V. um 10:30 am Altershèem zu Miersch. Tenu: Polo mat Jeansbox

Next Featured

14 Feb
Fuesfurri beim Fatima Café Neuhengen - Beim Fatima
Date 14.02.2020 20:34 - 15.02.2020 05:41
17 Apr
Generalprouw
Date 17.04.2020 19:30 - 22:00
18 Apr
GALA - CONCERT 2020 CCS am Lëtschert
Date 18.04.2020 20:00 - 19.04.2020 03:00

Do you like TasteTea?

Fresh your website and bring new energy to it with JSN TasteTea!

Download Now

Musek Gemeng Helperknapp
c.o. Bruck Nico
1 rue Joseph Hackin
L-8711 Boevange/Attert 

Newsletter

JSN Tastetea Mgh is designed by JoomlaShine.com | powered by JSN Sun Framework