Archived Articles

Ech koum op d'Welt zu véier Méint, meng Mamm wor net doheem.
Mäi Papp wor voll an huet getéint, at maache mir mat deem.
Mee ech sot gläich sierf net besuergt, fir mech gëtt scho gesuergt,
deen hei deen kennt op d'Eisebunn. Charel, Charel jäizt do mai Papp
wat geet dech un, Charel do bleiw dervun.
Charel, Charel, donk uecht wats de méchs well du schaffs jo net gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du och nach keen Här

Mäi Papp hat Recht well spéiderhinn du wor mer d'Saach scho Leed,
well op der Bunn konnt ech gesin datt do kee méissech geet.
Do heescht et emmer hopp hopp hopp mam Teimer an der Schëpp.
An hunn ech eppes an der Rei, Charel, Charel, jäizt dann de Meeschter
heielei, Charel maach mir elo nach dat hei.
Charel, Charel, donk uecht watsde mess well du schaffs jo net gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du sécher keen Här.

Ech wollt scho menger Wee nees goen, mä d'Fra wollt dat net hunn.
Hier wor et an de Kapp geschlon, si hällt op d'Eisebunn.
Déi sécher Plaz, dee schéine Loun herno déi flott Pensioun.
Eng Uniform nach uewendrop, Charel, Charel, jäizt si, schlo dir dat aus
dem Kapp, Charel, du bleiws mer drop.
Charel, Charel donk uecht watsde méchs well du schaffs jo sou gär,
Charel, Charel, op der Bunn gëss du viläicht nach een Här.

Un der Atert, no beim Waasser, wou déi grousseg Pepple stinn,
wunnt de Bauer Péitche Lauer a säi Meedchen d'Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Hie war empeg, hat war dempeg, sou eng Nuddelsdampmaschinn.
Hien hat nßeng an sengen Händschen, duerfir zéng hat d' Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Eemol goung et, eemol stoung et, bei der Baach eist Josefin.
An du rëtscht et an du gletscht et, flups an d'Baach, eist Josefin.

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

Et huet getuddelt, et huet gespruddelt, an der Baach eist Josefin.
Well ech awer d'Waasser scheien, loossen ech leien, d'Josefin. 

REFRAIN:

O meng Modi, wat e Stodi, voller Zodi Josefin,
ech gesinn dech, nach e wéineg an da ginn ech Josefin.

D'Madammen aus der Sichegaass, déi stonge vrun der Dier.
Haut gouf et lescht, verbäi de Spaass, si rieden hin an hier.
D'Regierung hat en Här geschéckt ze kafen Haus fir Haus,
ma dat war deem wei et schéngt gegléckt, si mussen al I eraus

REFRAIN:

Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.

D'Gréit jäizt: Mir haalen net méi stall, mat dréeën geet et duer.
Weist deen sech nach am Pafendall, da flitt en an de Bur.
Ah non, seet d'Siss mir plenneren, an d'Lougaass trotz dem Knascht,
sollt do en Hond ons hënneren, hu mir och gudde Kascht.

REFRAIN:

Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.

Mä d'Stole Broscht seet: Hierft Verstand, mir street kee Sand an d' An
Och d'Lougaass hält net laang mei stand, wësst dir da wat mir man,
op Kärche baue mir en Dag, eng Roulette huet sai Charme,
déi sëtze mire schéinen Dag, flang metten op d'Place d' Armes.

REFRAIN:

Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.
Kanner o Kanner, o quel malheur, mir mussen aus der rue des fleurs,
wei ass dat menscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbur.

Et wuessen an de frieme Uinner, vill schwéier Wäiner, rout a wäiss,
si si gesicht vu ville Kenner, vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis.
Ech hale mech un d'Muselb]immchen, dat ass de Wéngche fir eist Land,
et geet deem Jonktem wei dem Eimchen, wann si en drénke mat Verstand.

REFRAIN:

Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.

Wou kennt dir nach e Wéngche fannen, esou gemittlech a sou frësch,
t'gett een sou liicht dervun heibannen, dir gitt gesond ewéi e Fësch.
Viii Wäiner maache d'Leit wei rosen, d'Gesichter glouse wéi eng Schmelz.
Mee dat muss een dem Misler loossen, hie suergt datt's du de Kapp behälls

REFRAIN:

Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.

Ob dir bedréift sitt oder Iëschteg, en deet seng Flicht zu jidder Stonn.
En ass vun heem aus fromm a chrëschtlech, e krut de Seege vun der Sonn.
Bleiwt him ewech mam Zockerwaasser, e brauch net mei gedeeft ze ginn.
E séngt mam Lentz net fir ze spaassen: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!

REFRAIN:

Kättche, Kättche, breng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Drank.fir Brosch/ a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen, vun der Musel a soss keen.
Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen, t 'ass en Dronk fir Brosch/ a Been.

Hutt dir mot d'Flemm an dir getter net lass, da loosst de Kapp dach net hänken.
Hutt dir och Misär duerch Nopechbeschass, a wesst net méi wat ufänken.
Dann fuert op d'Musel a stréckt lech eng un, drénkt esou laang et Iech schmaacht,
well dann sinn d'Suerge grad wéi wechgetlunn, sangt dass et nemmen sou kraacht.

REFRAIN:

Loosst mer nach e Pättchen drénken op der schéiner Musel,
kuckt wéi d 'An soufeireg blénken, wann mir sinn am Dusel.
Bréngt eis leiwer gläich eng Fläsch, vun deem allerbeschten,
wat maache mir mat deem Geld an der Täisch, haul gi mir alles zum beschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch, haul gi mir alles zum beschten. 

Hutt dir mol d'riicht schons eng Gretzche verluer,
an dir fänkt haart un ze tootzen.
Maacht Iech näicht draus a fuert weider nach duer,
besser dat wéi domm ze motzen.
Haut gett gedronk bis keng Drëps méi-am Faass, bis alles richteg am Schweess.
Vive eise Greechen an hieft all ärt Glas, a sangt dest Liddchen alt nees.

REFRAIN:

Loosst mer nach e Pättchen drénken op der schéiner Musel,
kuckt wéi d 'An soufeireg blénken, wann mir sinn am Dusel.
Bréngt eis leiwer gläich eng Fläsch, vun deem allerbeschten,
wat maache mir mat deem Geld an der Täisch, haul gi mir alles zum beschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch, haul gi mir alles zum beschten. 

Next Concerten

29 Mär
18 Apr
GALA - CONCERT 2020 CCS am Lëtschert
Date 18.04.2020 20:00 - 19.04.2020 03:00
17 Mai
Concert - Apéro
Date 17.05.2020 11:15 - 12:15

 R. V. um 10:30 am Altershèem zu Miersch. Tenu: Polo mat Jeansbox

Next Featured

14 Feb
Fuesfurri beim Fatima Café Neuhengen - Beim Fatima
Date 14.02.2020 20:34 - 15.02.2020 05:41
17 Apr
Generalprouw
Date 17.04.2020 19:30 - 22:00
18 Apr
GALA - CONCERT 2020 CCS am Lëtschert
Date 18.04.2020 20:00 - 19.04.2020 03:00

Do you like TasteTea?

Fresh your website and bring new energy to it with JSN TasteTea!

Download Now

Musek Gemeng Helperknapp
c.o. Bruck Nico
1 rue Joseph Hackin
L-8711 Boevange/Attert 

Newsletter

JSN Tastetea Mgh is designed by JoomlaShine.com | powered by JSN Sun Framework