Facebook Twitter

No Meekranz bannen waren mir den 1. Mee am CCS "Am Lëtschert" fir eisen Gala-Concert opriichten.

Et hunn sech och Member Zäit geholl gehat déi net moies um Meekranz waren fir eng Hand mat unzelackelen.

No 90 Minutten haten mir bal alles fäerdeg. Eng 2. Equippe trefft sech Donneschdeg nach eng kéier fir déi läscht Elementer ze placéieren.

Wei d'Seechomes sinn mir ronderëm gedabbert an hunn alleguerten Hand-an-Hand zesummen Opgeriicht.