Facebook Twitter

Den éischten Daach vun eisem Musekstage-Weekend war ee ganz erfollegräichen.

Well eisen Dirigent Jean-François moies nach Musekscoursë huet missen halen, hate mir deier mam Jo a mam Emmanuel kennen ze Prouwen.


Ier et lass gaangen ass konnte mir eis ab 9 Auer mat enger Taass Kaffie en enger Mëtsch stäerken.
Um 9h30 ass den Emmanuel mat de Fluten Klarinetten a Saxophon Alt an den Theatersall vum Campus Helperknapp prouwe gaangen.
20240316 11020920240316 11022620240316 110237

Wärend dem de Jo mat de Saxophon Tenor den Trompetten de Bariton an Euphoniumen an och der Perkussioun am Musekssall geüübt huet.
20240316 11171720240316 11174320240316 111834

Kuerz no 11 ass et an enger kuerzer Paus nach eng Taass Kaffi ginn, anerer hunn sech mat enger Fläsch Béier Loft verschafUm 12h20 war et fäerdeg mat der Regesterprouf.

Séier ass d' Grillplaz opgeriicht ginn a dFeier ugemaach. Verschidde Musekante sinn Heem iesse gaangen, vill hunn awer een Aperitif gedronk wärend Thüringer a Mettwurschten ob de Grill koumen. Dobäi Gouft et GrompereMuerten- an Zellerie- Zalot mat engem stéck Brout.
20240316 13000120240316 130013


Ween doheem net genuch krut konnt nach ee Stéck Taart iessen ier mir um 14 Auer mam Jean−François all zesumme geprouft. Mat nach enger klenger Pause dotëschent hu mir um 16h30 den eischten Daach vum Stage Weekend erfollegräich ofgeschloss.
20240316 14362520240316 143741

Muer de moie geet et weider um 10 Auer.


Sonndes moies war eng mei lass um Campus Helperknapp. D' Wanderfrënn Brouch / Miersch haten ob den 76. Marche Populaire Internationale agelueden.

Et war richteg knapp mat de Parkplazen an sou waren och eisen Dirigent gespeist fir eng Taass Kaffi well hien nach eng Parkplaz gesicht huet.
Um 10 Auer 05 si mir ukomm an hunn ouni Paus bis 11 Auer 55 geprouft.

Een erfollegräiche Weekend wou mir vill bäigeléiert hunn.
 20240317 104759

 

We use cookies

We use cookies on our website. Some of them are essential for the operation of the site, while others help us to improve this site and the user experience (tracking cookies). You can decide for yourself whether you want to allow cookies or not. Please note that if you reject them, you may not be able to use all the functionalities of the site.