De Sonden 21 November 2021 hu mir eisen 1ten Hierschtconcert gespillt.
No bal 20 Méint Paus duerch COVID-Pandemie hu mir endlech erëm ee schéinen Concert konnten spillen.
Ee groussen Deel vun den Stecker déi mir fir eisen Galaconcert 2020 erausgesicht haten hunn mir konnten de Sonden engen 160 Leit presentéieren.
Virdrun huet den Museksensembel vun der UGDA-Musekschoul dem Publikum och 4 Stecker presentéiert.
Update 28/12/2021: Et huet laang gedauert mee elo ass daat eicht Steck vun eisem Concert ob der YouTube Playlist ze lauschteren. Dei ahner Stecker folgen dei next Deeg.