Hämmelsmarsch zu Bruch - 13 Oktober 2021
Hämmelsmarsch zu Bruch - 13 Oktober 2021
Facebook Twitter

En Samschden den 13 November hunn mir eis fir 9 Auer 30 zu Brouch bei der Kierch getraff fir de Bricher Awunner den Hämmelsmarsch ze spillen an hinnen eng schéi Kiermes ze wënschen.

Trotz fiichte Wiederkonditiounen haten sech vill Musekante motivéiert krut an de Wee ob Brouch fonnt sou dass mir 2 Equippe maache konnten.
2 x 12 Musekante mat allkéiers 2 Keesen hunn sech duerch d' Bricher Stroossen gemaach. Bei engem Pätschen hunn mir nom Hämmelsmarsch och gären d'Kiermes gespillt.
Am Ufank war et wuel de Reen, deen eis befligelt huet, dono d'Freet dass dësen opgehalenen huet, dass mir schonn um 12h15 fäerdeg waren  an nach ee Patt zesummen an der Bricher Stuff drénke konnten.

Allen Bricher Awunner ee grousse Merci fir hire generéisen Don awer och de Museker oder de Leit mat der Kees ee grousse Merci fir hiert matwierken.

Eng Schéi Bircher Kiermes a bis d'Nächst Joer.